Wëntger Musik

Schon den 25. Mee 1976 haten Musikliebhaber déi gudd Idie en Musikverein an der Gemeng Wëntger an d’Liewen ze ruffen. Grënnungspräsident wor de Jean Cless vu Wëntger. D’Gemeng huet d’Musik fleisseg a motivéiert ënnerstetzt fir Musikscoursen ze organiséieren an sech 40 nei Instrumenter zouzeléen. Et haten sech och schon direkt 70 Interessenten gemellt, fir Matglied ze ginn an der Musik an eng musikalesch Ausbildung ze maachen.
En éischte Konzert huet de 26. Dezember 1976 mat ongeféier 20 Musikante gespillt a vun ronn 500 Persoune besicht. Seitdem ass op desem Datum, Stewesdag, de Galaconcert van der Wentger Musik.
1978 krut de Veräin en Fiendel an 40 Musikante kruten eng Uniform. Dunn wor d’Musik gudd equipéiert an konnt an de nächste Joeren nach wuessen.
Den éischten Dirigent wor de Jean-Marie Thein. 1985 koum dunn den Jean-Michel Treinen als Nofollger op Wëntger. 1995 huet de Freddy Schmitz den Dirigentsstaw iwwerholl bis 2008 dunn de Sébastien Lemaire de Musikveräin geleet hot. Säit 2017 huet de Gérald Evrard sech et zur Aufgab gemaat eis als Musik firun ze brengen.
Mir spilllen teschent 6-10 Konzerten am Joer an bedeeligen eis un lokalen an nationale Manifestatiounen. Och fir d’Kirmessen aus der Gemeng ginn mir Hämmelsmärsch spilllen.
Op eng gudd musikalesch Ausbilldung lée mir och emmer nach vill Wert, och wann d’Organisatioun dovun sech iwwert d’Jore vill geännert huet. Wore mer als Veräin am Afank alleng verantwortlech fir d’Organisatioun van eise Musikscourse, sou ginn déi Coursen hokt op Basis van de verschiddene Kantone vam „SICLER“ zesumme mat der nationaler Musikfederatioun „UGDA“ an der „Klierwer Musiksschoul“ organiséiert. Dest féiert zu enger éischtklassiger Ausbildung vun eise Musikanten.

D’Wëntger Jugendmusik